© 2010
ZUM THEMA „ HANNERGEDANKEN ? „
-
No 61 Joer am Déngscht vum Liewen geet den Haas hei ouni Gnod mat sech selwer zu Geriicht !
-
Lidd fir ee Frënd, oder och fir all déi, déi et schwéier droen. Den Haas erënnert: „Zopp gët ni esou waarm giess ewei gekacht !“
-
Mat kloen eleng bewegt een näischt „D’Liewen ass e Kampf, an d’Problemer sinn do fir geleist ze ginn ? „ Verséschert den Haas.
-
Et wär munchmol besser dem Noper net a säin Dëppen ze kucken oder besser, international gesinn, keng Spionage ze bedreiwen: „LIEWEN A LIEWEN LOOSEN ALSO“ da kréie mär v`läicht Fridden. Argumentéiert de Luke.
-
Den Haas reegt sech ob: „6,9 Milliarde Mënschen ob der Welt, mä wann an der Régiézentral Feeler gemaach gin kritt ëmmer dee klenge Mann ët an d’Schlappe geschott. Political Correctness, mon C.. !
-
An dësem Blues fiert de Luss ganz schweier Geschützer ob, hien akkuséiert !
Hien ass der fester Iwerzeegung, dass an dësem Grousse Kasperle-
-
Ass dee groussen Archtekt éieren an d’Vakanz ? An dësem eenzegen englesche Song, setzt sech den Haas mam m’enfoutismus vu Gott (wann hien dann existeiert ??) auserneen !
-
Dëst Lidd ass zwar léif vun der Melodie hier, awer ganz schéin anarchistesch ! Hei wënscht sëch de Luke eng Welt ouni Gott an Här, ouni Kierch a Bank. Dei grouss Fräiheet also !!
-
Den Haas warnt an dësem Lidd v’run déer allmälecher Zerstéierung vun eisem schéine (nach) bloe Planet, duerch de mënschleche m`enfoutismus.
-
Hei iwerzeecht eis de Luss, dass wann hautzudags deen éierleche, klenge Mann näischt obweises huet, hien et och zu näischt an dëser kapitalistescher Gesellschaft brénge kann. Hie gëtt vun de Geldsäck iwerall blockéiert.
-
Souveniren !!!!
-
Dese leschtege, lëtzebuerger Rock `n Roll-
-
-
An dësem ob d`1920er Joren getrimmtent Lidd, geet et ëm d`Iwwerflächlechkeet an ëm déi réel Wärter vu Mënsch a Saach
-
Zum Schluss an a Gedichtform, seet den Luke Haas eis, dass näischt et wärt as, fir opzeginn !